Syndicat d'Initiative et de Tourisme de Schifflange

Wëllkomm

 

Léif Frënn vum Syndicat, Léif Memberen, Veräiner, Annonceuren a Matbierger,

 

De 16. November war den nationalen Dag vum Bam, dofir hei eng kleng Ureegung firwat d’Beem an d’Natur sou wichteg si fir ons all. De Bam symboliséiert de Wuesstum an d’Entwécklung vum Mënsch esou wéi och de Liewenszyklus an d’Vergänglechkeet. Fir verschidde Mënschen huet de Bam eng wichteg Bedeitung am Liewen, hie spigelt d’Fruchtbarkeet, d’Entwécklung, d’Heelung an d’Onstierflechkeet. Et kann ee soen ,,De Mënsch ass e Bam‘’ oder ,,De Bam ass e Mënsch’’. Mënschen a Beem si sozial Wiesen, sie sinn ënnertenee vernetzt, kommunizéieren, pfleege Kontakter a bedreiwen eng aktiv Teamaarbecht. All Bamzort huet eng besonnesch Symbolkraaft. Zum Beispill: Den Äppelbam steet fir d’Léift a Bestietnis an dréckt domat Zouversiicht an dat gemeinsaamt Liewen. D’Bierk steet fir en neit Liewen an och fir Freed. Wéi der jo bestëmmt wësst besteet de Meebam traditionell aus der Bierk. Hier Äscht gi geholl fir d’Feier ze entfachen. Och de Syndicat d’Initiative pfleegt seng Kontakter enger Säit mat de Schëfflenger Veräiner. An net ze vergiessen och eis Schëfflenger Geschäftsleit, déi ons Joer fir Joer mat hire Publikatiounen am Magazine ënnerstëtzen. Mer soen iech all vun Häerze Merci. Mer haten awer och an deene leschte Jore Geschäftsleit,déi an hier wuelverdéngte Pensioun gaange sinn, hinne wënsche mer vill Freed, eng gutt Gesondheet, an dass sie all dat kënne maache wouzou si virdru keng Zäit haten. Et mécht ons awer och houfreg dass si hiert talentéiert Handwierk konnte weider ginn un déi jonk a motivéiert Patronnen. Hinne wënsche mer vill Erfolleg mat hirer neier Challenge. Mer begréissen och, dass si ons ënnerstëtzen an eisem Magazine, merci. Wéi der bestëmmt matkrut ass de Syndicat d’Initiative och dëst Joer um Hobbymaart vertrueden, deen den 30.11 an 1.12.24 am Hall Polyvalent sattfënnt,der sidd all häerzlech Wëllkomm. Den Hobbymaart hei zu Schëffleng huet jo och vill mat Chrëschtdagsdekoratiounen ze dinn, woubäi mer beim Thema sinn, de Comité vum Syndicat d’Initiative wënscht Iech all schéi Feierdeeg, eng gutt Gesondheet an e gudde Rutsch an dat neit Joer. 

 

Äert Esther



Syndicat d´Initiative et de Tourisme Schifflange

Adresse Postale: B.P 58 

Siège : 11, Avenue de la Libération L-3801 Schifflange

Präsidentin : LANGERS-ZWANK Esther