Léif Annonceuren, Veräiner, Memberen, Matbierger a Frënn vum Schëfflenger Syndicat,
Mir stinn erëm virun engem Wanter, dee lues awer sécher ukënnt. D’Deeg gi méi kuerz, d’Loft méi
kill an d’Chrëschtmäert lueden op vill ënnerschiddlech Spezialitéiten an. Et ass an dëser kaler
Zäit, dass mär erëm mierken, wéi wichteg Zesummenhalt, Gedold an Hoffnung fir eis
Gemeinschaft sinn.
Och am Hierscht vun dësem Joer woare mär aktiv an hunn d’Schëfflenger Leit zesummebruet a
fir sëlleg Momenter gesuergt. De 16. Oktober hu mär déi éischte Kéier eisen traditionelle
Pattowend am Haff organiséiert; dëse woar méi wéi nëmme gutt besicht. Eise Pattowend, op
deem et ëmmer flott Gespréicher zwëschent de Leit gëtt, huet sech mëttlerweil zu engem
Pflichttermin fir eis Annonceuren, Memberen a Sympathisanten entwéckelt. De Weekend vum 22.
an 23. November huet am a virum Hal Polyvalent den Hobbymoart stattfonnt; wärend dësen zwee
Deeg hu mär de Visiteure bei äisëgen Temperaturen ënner anerem Glüapérol a Schocki
ugebueden.
Déi nächst Woche wäerten e bësse méi roueg ginn an awer bleiwe mer ganz aktiv a kommen bei äech
zum Beispill op är Generalversammlungen en Eventer besichen an ënnerstëtzen.
D’nächst Joer wäerte mer nach weider Aktivitéiten an Owender organiséiere fir äech an eis
zesummenzebréngen – well et sinn dës Momenter, déi mer an enger Welt, an déier et leider
ëmmer méi Konflikter gëtt, genéisse sollen an och mussen – dëst, well mer net wëssen, wat moar
ass.
Dofir ass all Geleeënheet, zesummenzekommen, ze laachen a sech géigesäiteg ze stäerken,
eng Chance, déi mer net däerfe verpassen. Et sinn net nëmmen déi grouss Gesten, mee virun
allem déi kleng Momenter, déi eng stoark Gemeinschaft ausmécht an d’Verbindungen tëschent
de Mënsche stäerken.
De Benevolat bréngt eis zesummen, dat solle mer wäertschätzen an déi Wäertschätzung och de
Fräiwëllegen an de Veräiner an a villen anere Strukture géigeniwwer weisen. Där drot dozou bäi,
dass d’Liewen an eiser Gemeng méi lieweg gëtt.
Jidderee vun Äech ass e Stéck Fundament vun
eiser Gemeinschaft, a genau dofir soll Är Aarbecht gesi, geschätzt a gefeiert ginn.
Äre Sam
President vum SIT Schëffleng
Syndicat d'Initiative et de Tourisme Schifflange
Adresse Postale: B.P 58 L-3801 Schifflange
Siège : 11, Avenue de la Libération L-3850 Schifflange
